fr / en
Diversit Day Buffer

FORMATIOUNSPROGRAMM «ACCESSIBILITÉIT ZU ËFFENTLECHEN INFORMATIOUNEN»

mardi 29 mai 2018

8:00

Ville de Dudelange Place de l'Hôtel de Ville L-3401 Dudelange

Ville de Dudelange

Description de l'action

D‘europäesch Direktiv EU2016/2102 verflicht ëffentlech Administratiounen d’Informatiounen op Website fir jiddereen accessibel ze maachen. Jiddereen huet e Recht op onbeschränkten an onzenséierten Zougang zu ëffentlechen Informatiounen: Dokumenter, Formulaire, Gesetzestexter, Website,… Jiddereen si mir alleguer, och Leit mat Behënnerung, Léier- a Liesschwieregkeeten oder Leit déi eis Sproochen net gutt kënnen.

Am Kader vum Diversity Day 2018 organiséiert de Chancëgläichheetsservice den 29. an 31. Mee zwou intern Formatioune fir d’Personal vun der Stad Diddeleng fir ze léieren wat dat heescht a wéi dat geet.

D’Sylvie Bonne (Centre de compétences Klaro, APEMH) erkläert, wéi een ëffentlech an offiziell Dokumenter an einfacher Sprooch schreiwe kann fir jiddereen op verständlech Aart a Weis ze informéieren. Si weist praktësch Beispiller an diskutéiert mat de Participanten, wéi si einfach Sprooch an eegenen Dokumenter uwenden an d’Mise en page passend adaptéiere kënnen.

Ausgoend vun ënnerschiddlechen spezifesche Bedürfnisser (Gehéier, Gesinn, Verstoen, asw.) demonstréiert de Matthias Schmit (Magic moving pixel S.A.) d‘Liesméiglechkeete vu Betraffenen. D’Participante léieren d’Grondlagen fir d‘Erstelle vu barrièrefräien digitalen Fichieren, z.B. duerch eng kloer Strukturéierung vun Dokumenter an duerch accessibel programméiert PDF-Fichieren.

×